All an d’Kiche
mat Mawaka

●●●

rouleau-a-patisserie

Kachcoursen

Mir bidde Kachcourse fir Kanner a Jonker un.

cupcake (1)

Bakkëschten

Amuséiert iech a baakt zesumme mat eise Bakkëschten.

gateau-danniversaire

Gebuertsdagsfeier

Wielt eis Formule fir äre Gebuertsdag.

vacances-dete

Vakanzestagen

Mir bidde reegelméisseg Stagë wärend de Schoulvakanzen un.

Bei MaWaKa léiert ee kachen a bake vu klengem un. Eis Kach- a Bakschoul zu Gaasperech bitt Coursen un fir Kanner vun 3 bis 15 Joer. Eis Coursë ginn iwwer e puer Wochen, vun dënschdes bis samschdes, a gi gehalen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch.

Interesséiert ?

D’Coursen

Mir bidde Kachcourse fir Kanner a Jonker un

●●●

Firwat
MaWaKa wielen?

Mir bidden de Kanner un d’Freed um Kachen a Bake kennenzeléieren an enger flotter Ambiance. Hei kënnen si hier Sënner fuerderen an nei Goûten entdecken.

Jee no Alter kënnen d’Kanner sou net nëmmen d’Sprooch mee och mathematesch a logesch Kompetenzen entwéckelen andeems si Utensilien an aller Sécherheet benotzen. D’Kanner léieren och nei Techniken an einfach Rezepter, déi se doheem kënnen nokachen.

●●●

MaWaKa
Shop

Bakkëschte fir Kanner, Schiertecher, Kichemessere fir Kanner, Kichenutensilien a villes méi…all eis beléiften Artikele fannt dir ab elo an eisem Onlineshop op www.letzshop.lu.

●●●

Kaddosbong

Verschenkt e Kachcours

E MaWaKa KADDOSBONG verschenken ass ganz einfach! Wielt de Betrag aus deen der wëllt verschenken. Soubal d’Bezuelung gemaach ass, kritt dir äre KADDOSBONG per E-Mail geschéckt. Bei der Umeldung fir e Cours kann de Beneficiaire de Betrag vu sengem KADDOSBONG bei der Bezuelung ofhalen.

Feier däi Gebuertsdag bei MaWaKa

●●●

Dir wëllt ärem Kand en originelle Gebuertsdag organiséieren? Wielt eis Formule „Gebuertsdag“. Bei MaWaKa realiséiert äert Kand mat senge Frënn en leckert Rezept (kachen oder baken), dat se dono all zesumme schmaache kënnen. Als Ofschloss gëtt et dann e gudde Gebuertsdagskuch (Marmerkuch) mat Käerzen drop.

De Kuch, d’Gedrénks, sou wéi all néidegt Material gëtt vu MaWaKa gestallt.

Et kënne minimum 8 Kanner deelhuelen (max. 12 Kanner). Dem Gebuertsdagskand seng Eltere kënne beim Gebuertsdag dobäi sinn. Den Tarif ass 35€ pro Kand fir 2 Stonnen. Gefeiert gëtt an der MaWaKa Kannerkachschoul

Mellt iech un fir eis Newsletter a bléift um Lafenden!

Si vertrauen eis

●●●

Ech komme gäre bei Mawaka wëll mir kachen do flott Rezepter déi mer zesumme schmaachen.

D’Vakanzestage bei Mawaka sinn immens! Mir kachen a baken zesumme mee mir maachen och aner flott Saachen. Et war flott an ech hunn och lauter nei Frënn fonnt.

Ech hu mäi Meedchen am Kachcours ugemellt wëll dat him immens Spaass mécht. All Woch kënnt hat mat engem neien, originelle Rezept heem a léisst eis schmaachen, wat et gemaach huet. Him gefält datt de Cours ganz praktesch ass an datt jiddereen alles ka maachen.

Ech hu mäi Gebuertsdag bei Mawaka gefeiert an et war immens. Mir hu Fajitas gekacht a mir hunn alles selwer gemaach. Meng Frënn ware begeeschtert.

●●●

petits_fouets

Les petits fouets

kiddikunter

Kiddikutter

yolande_coop

Yolande Coop

janette

Janette

luxlait_square

Luxlait