Eis individuell Coursen
●●●

D’Butzekäch
vun 3 bis 5 Joer
●●●
D’Kanner komme mat enger Begleetpersoun (Mamm, Papp, Bomi, Bopi …) an de Cours (Dauer 1h30). Si léieren d’Grondreegele vun der Hygiène a nei Ingrediente kennen, wéi ee verschidde Kichenutensilien benotzt a kachen zesummen e Rezept.
D’Virdeeler fir d’Kanner vun 3 bis 5 Joer:
- Si entwéckelen hier Kierper- a Feinmotorik.
- Si léieren nei Goûte kennen (séiss, salzeg, batter, sauer …) an ënnerscheeden.
- Si entwéckelen hier 5 Sënner duerch d’Entdecke vun neie Liewensmëttel.
- Si vergréisseren hire Vocabulaire.
- Si verbréngen eng schéi gemeinsam Zäit mat hiren Elteren a mat anere Kanner.
●●●
D’ Minikäch
vu 4 bis 6 Joer
●●●
Bei dësem Kach- a Bakcours (Dauer: 1h30) féieren d’Kanner e ganzt Rezept duerch. Si léieren nei Liewensmëttel kennen, Uebst a Geméis botzen, wäschen a schneiden, schmaachen, wierzen, Utensilien benotzen … ab 4 Joer huet d’Kand eng gewëssen Autonomie entwéckelt a ka schonn eleng ouni Elteren un dësem Cours deelhuelen. Dofir ass de Cours vun de Minikäch kids only!
D’Virdeeler fir d’Kanner vu 4 bis 6 Joer:
- Si entwéckelen hier Feinmotorik andeems se kleng Liewensmëttel verschaffen.
- Si entwéckelen hier Kreativitéit an hier Fantasie.
- Si entwéckelen hiert Selbstvertrauen an hier Konzentratioun.
- Si setzen sech mat mathematesche Konzepter auserneen (zielen, deelen, multiplizéieren …).
- Si entdecke frësch Liewensmëttel (Uebst a Geméis), wou se hierkommen a wéi se wuessen.

●●●

Déi kleng Cheffe
vu 6 bis 12 Joer
●●●
Bei dësem Kach- a Bakkuer féieren d’Kanner ënnert eiser Begleedung e Rezept selwer duerch. Si entdecken dobäi nei Liewensmëttel an Techniken an der Kichen a kënnen esou voller Freed a Stolz hiren neie Plat presentéieren an zesumme schmaachen.
D’Virdeeler fir d’Kanner vu 6 bis 12 Joer:
- Si entwéckelen hier Kreativitéit an hier Fantasie.
- Si vergréisseren hire Vocabulaire.
- Si entwéckelen hiert Selbstvertrauen, hier Autonomie an hier Konzentratioun.
- Si setzen sech mat mathematesche Konzepter auserneen (zielen, deelen, multiplizéieren …).
- Si léieren nei Gesten (schneiden, mixen, schiele …).
●●●
Déi grouss Cheffe
vun 12 bis 15 Joer
●●●
De Cours fënnt owes statt (Dauer: 2 h). Hei treffen sech déi Jonk fir zesummen e Menü ze kachen. An eise Kach- a Bakcourse féieren si einfach Rezepter duerch, déi si doheem nokache kënnen. Hei gëtt Wäert op eng ausgeglachen Ernierung an eng gutt Stëmmung geluecht an di Jonk ginn um Wee zu hirer Selbstännegkeet ënnerstëtzt.
D’Virdeeler fir déi Jonk vun 12 bis 15 Joer:
- Si erweideren hier kulinaresch Kenntnisser a léieren nei Goûte kennen.
- Si léieren nei Techniken an der Kichen.
- Si stäerken hier Autonomie an hiert Selbstwäertgefill.
- Si entwéckele gutt Iessgewunnechten an erkennen d’Wichtegkeet vun enger gesonder, nohalteger an ausgeglachener Ernierung.

Eis Aktivitéiten
●●●
Gebuertsdagsfeier
●●●
Dir hutt Loscht en originelle Gebuertsdag fir äert Kand ze organiséieren? Dann entscheet iech fir eis Formule „Gebuertsdag“ vu MaWaKa:
Oflaf vun der Feier:
- Ukommen, Virstellen an Erklärungen
- Schiertecher undoen an Hänn wäschen
- E Rezept kachen oder baken
- Zesummen iessen
- Kuch mat Käerzen (Happy birthday)
- Opmaache vun de Kaddoen
Wielt äert Rezept aus (Ee Rezept fir ze kachen oder ze baken wärend der Feier):
- Pizza (Thema auswielen)
- Quiche mat saisonalem Geméis
- Hausgemaachen Tagliatelle mat Tomatenzooss
- Fajitas mat Poulet
- Saumon am Deeg
- Uebsttäertercher
- Kichelcher (Thema auswielen)
- Muffin (Thema auswielen)


D’Formule „Gebuertsdag“ enthält d’Rezept (kachen oder baken), Waasser a Jus, Knabbergeméis, e Marmerkuch a Popcorn (als klenge Kaddo fir mat heem).
De Gebuertsdagskuch ass e Marmerkuch a gëtt am Viraus vun eiser Equipe preparéiert. All aner Kuch muss ee selwer matbréngen.
Präis: 35€ pro Kand (Gebuertsdagskand + Gäscht)
Dauer: 2 Stonnen
Wéini? Samschdes mëttes vun 13h30 bis 15h30 ODER vu 16h bis 18h
Wou? Kannerkachschoul MaWaKa
Et kënne minimum 8 Kanner deelhuelen (max. 12 Kanner). Dem Gebuertsdagskand seng Eltere kënne beim Gebuertsdag dobäi sinn.
Déi genau Unzuel u Kanner muss eng Woch virun der Feier bestätegt ginn an de Reschtbetrag muss dann och iwwerwise ginn.
●●●
Stagen an Aktivitéiten an der Vakanz
●●●
An der Schoulvakanz organiséiert eis Kachschoul Vakanzenaktivitéiten.
An der Ouschtervakanz fannen nees Vakanzenaktivitéite moies an nomëttes bei Mawaka statt.
Dir kënnt äert Kand umellen:
- moies
- nomëttes
- e puer Moienter (reduzéierten Tarif)
- e puer Nomëtteger (reduzéierten Tarif)
- de ganzen Dag (9h-12h an 14h-17h, reduzéierten Tarif)
Um Programm: Kachen, Baken an Bastelen
D’Aktivitéite si fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.
Hei sinn d’Auerzäiten:
moies: 9h – 12h
Mëtteg: 14h – 17h
Mir schwätzen all Sproochen (LU, FR, DE, EN), jiddereen ass wëllkomm.

●●●
Evenementer
Mawaka organiséiert reegelméisseg eenzel Evenementer.
Kuckt de Kalenner fir ze reservéieren!